Start an de Championat

Den Handball Remeleng konnt erfollegreich an de championat 16/17 starten. Sou hun Senioren vum Handball Remeleng mat 30-20 zu Esch gewonnen an sou sein kloert Ziel vir des Saison unzestriewen. Mam neien Trainer deen dese Verain super bereicherd, dem Luc PAQUET, wellen mir den Verain nei opstellen an et vleit an e puer Joer erem dohinner zereck packen wou mir freier waren.

 

Aachtelsfinale Coupe de Luxembourg

Den 18. September sin mir no ganz kuerzer Virbereedung zu Kayl an der Sportshal geint den Handball Diddeleng ugetrueden. Demno dass den Haarz an eisen Sportshalen Remeleng respektiv Kayl komplett verbueden ginn as, hun mir dei eischte Keier ouni gespillt. Dest war vir eis wei vir Diddeleng eng emstellung. No gudden 10 eischten Minutten vun eisem Verain huet Moral leider nogeloos nodeems e puer Schess laanscht de Gol gangen sin. An der Halbzeit stoung et 29-10, leider hun eis Jongen den Kapp hänke geloss an Middegkeet war zegesin. Sou huet Diddeleng eis mat 61-13 iwerlaaf.